Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.478 Artikelen an 104 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Fro vum Sëtz vun den Europäeschen Institutiounen bal 40 Joer laang ëmmer nees diskutéiert gouf, bis eng Kompromëssléisung fonnt gouf?
- … op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?
- … de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
- … zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnes e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?
- … de Charles Metz (1799-1853) Deputéierten souwuel an der Belscher wéi och an der Lëtzebuerger Chamber war?
Artikel vun der Woch

D'Vulleparlament am Gréngewald (Original Schreifweis: D'Fulleparlamènt am Gréngewald) ass e politesch-satirescht Gedicht an 21 Strophen op Lëtzebuergesch vum Edmond de la Fontaine, genannt Dicks (1823-1891). Et gouf de 5. November 1848 anonym am Volksfreund publizéiert, enger Zeitung, déi vun der Regierung de la Fontaine ënnerstëtzt gouf.

Den Dicks, Fils vum Regierungspresident Théodore de la Fontaine, huet mam Vulleparlament dat bekannt Vollekslidd Vullenhochzäit nogedicht. Hien dreift doran de Spunnes mat 15 Deputéierten, déi - mat Ausnam vum August Collart a Vendelin Jurion - zu der Oppositioun an der Chamber gehéiert hunn a domat "Géigner" vu sengem Papp waren, andeems en se als Vullen duerstellt.

An dësem Gedicht trëtt den Dicks als Géigner vun de progressiv-liberalen a volleksnoen Deputéiert op. Duerch dat neit agefouert Walrecht am Joer 1848 si fir d'éischt Kéier Deputéiert am Parlament vertrueden, déi weeder zu der kultivéierter Bourgeoisie nach zum Besëtzbiergertum gehéieren. Des Weidere weist hie mam Gedicht seng Mëssuechtung fir de parlamentareschen a demokratesche System... > méi

Op engem 16. Juli
- 1911: Gebuert vun der US-amerikanescher Dänzerin a Schauspillerin Ginger Rogers.
- 1927: Déi lëtzebuergesch Juristin Annette Schwall-Lacroix kënnt op d'Welt.
- 1942: Iwwer 13.000 Judde ginn zu Paräis vun der franséischer Police am Vel d'hiv' zesummegedriwwen a vun do aus a Konzentratiouns- a Vernichtungslager deportéiert.

Apollo 11 - 1945: Déi éischt Atombomm explodéiert fir en Test an New Mexico (USA).
- 1965: De Mont-Blanc-Tunnel tëscht Frankräich an Italie geet op.
- 1969: Start vun Apollo 11.
- 1973: D'Regierung ënnerschreift e Memorandum of Understanding mat der RWE Essen, fir de Bau vun enger Atomzentral zu Remerschen ze plangen an dann duerchzeféieren.
- 2005: De lëtzebuergesche Sänger, Radios- an Tëleesanimatuer, Schlagertextschreiwer a Schauspiller Camille Felgen stierft.
Kierzlech Verstuerwen

- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller
- 12. Juli: Hamad bin Chalifa Al Thani, Emir vu Katar.
- 8. Juli: Bonnie Tyler, brittesch Sängerin.
- 6. Juli: Henri Metz, lëtzebuergeschen Neurolog.
- ≤ 26. Juni: Edmond Thill, lëtzebuergesche Konschthistoriker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
