Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.476 Artikelen an 104 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?
- … de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
- … zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnes e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?
- … de Charles Metz (1799-1853) Deputéierten souwuel an der Belscher wéi och an der Lëtzebuerger Chamber war?
- … den Zoo vun Antwerpen schonn 1843 gegrënnt gouf, an haut iwwer 5.000 Déieren huet, déi sech op 900 Aarte verdeelen?
Artikel vun der Woch

D'Vulleparlament am Gréngewald (Original Schreifweis: D'Fulleparlamènt am Gréngewald) ass e politesch-satirescht Gedicht an 21 Strophen op Lëtzebuergesch vum Edmond de la Fontaine, genannt Dicks (1823-1891). Et gouf de 5. November 1848 anonym am Volksfreund publizéiert, enger Zeitung, déi vun der Regierung de la Fontaine ënnerstëtzt gouf.

Den Dicks, Fils vum Regierungspresident Théodore de la Fontaine, huet mam Vulleparlament dat bekannt Vollekslidd Vullenhochzäit nogedicht. Hien dreift doran de Spunnes mat 15 Deputéierten, déi - mat Ausnam vum August Collart a Vendelin Jurion - zu der Oppositioun an der Chamber gehéiert hunn a domat "Géigner" vu sengem Papp waren, andeems en se als Vullen duerstellt.

An dësem Gedicht trëtt den Dicks als Géigner vun de progressiv-liberalen a volleksnoen Deputéiert op. Duerch dat neit agefouert Walrecht am Joer 1848 si fir d'éischt Kéier Deputéiert am Parlament vertrueden, déi weeder zu der kultivéierter Bourgeoisie nach zum Besëtzbiergertum gehéieren. Des Weidere weist hie mam Gedicht seng Mëssuechtung fir de parlamentareschen a demokratesche System... > méi

Op engem 15. Juli

- 1606: Gebuert vum hollännesche Moler Rembrandt van Rijn.
- 1799: De Stee vu Rosetta gëtt vun engem Offizéier vum Napoleon entdeckt.
- 1830: Um Knuedler gëtt de Grondstee fir d'Stadhaus vun der Stad Lëtzebuerg geluecht.
- 1928: De Lëtzebuerger Nicolas Frantz gewënnt säin zweeten Tour de France.
- 1939: De portugisesche Politiker Aníbal Cavaco Silva kënnt op d'Welt.
- 1962: Algerien gëtt onofhängeg.
- 1965: Doud vum lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker Nic Biever.
- 1974: Militärputsch op Zypern.
Kierzlech Verstuerwen

- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller
- 12. Juli: Hamad bin Chalifa Al Thani, Emir vu Katar.
- 8. Juli: Bonnie Tyler, brittesch Sängerin.
- 6. Juli: Henri Metz, lëtzebuergeschen Neurolog.
- ≤ 26. Juni: Edmond Thill, lëtzebuergesche Konschthistoriker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
