Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.478 Artikelen an 104 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … dat eelst Dokument am Besëtz vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik en handgeschriwwent Stéck aus engem Gebietsbuch aus dem 8 Joerhonnert ass, dat de Willibrord vum Poopst geschenkt krut?
- … zu Keel op der Léiffrächen Enn 1947 dräi Kanner mysteriéis Marienerscheinunge solle gehat hunn, wat deemools Dausende vu Virwëtzegen ugelackelt huet?
- … d'Fro vum Sëtz vun den Europäeschen Institutiounen bal 40 Joer laang ëmmer nees diskutéiert gouf, bis eng Kompromëssléisung fonnt gouf?
- … op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?
- … de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
Artikel vun der Woch

D'Vulleparlament am Gréngewald (Original Schreifweis: D'Fulleparlamènt am Gréngewald) ass e politesch-satirescht Gedicht an 21 Strophen op Lëtzebuergesch vum Edmond de la Fontaine, genannt Dicks (1823-1891). Et gouf de 5. November 1848 anonym am Volksfreund publizéiert, enger Zeitung, déi vun der Regierung de la Fontaine ënnerstëtzt gouf.

Den Dicks, Fils vum Regierungspresident Théodore de la Fontaine, huet mam Vulleparlament dat bekannt Vollekslidd Vullenhochzäit nogedicht. Hien dreift doran de Spunnes mat 15 Deputéierten, déi - mat Ausnam vum August Collart a Vendelin Jurion - zu der Oppositioun an der Chamber gehéiert hunn a domat "Géigner" vu sengem Papp waren, andeems en se als Vullen duerstellt.

An dësem Gedicht trëtt den Dicks als Géigner vun de progressiv-liberalen a volleksnoen Deputéiert op. Duerch dat neit agefouert Walrecht am Joer 1848 si fir d'éischt Kéier Deputéiert am Parlament vertrueden, déi weeder zu der kultivéierter Bourgeoisie nach zum Besëtzbiergertum gehéieren. Des Weidere weist hie mam Gedicht seng Mëssuechtung fir de parlamentareschen a demokratesche System... > méi

Op engem 18. Juli
- 1100: Doud vum Godefroy vu Bouillon, engem vun de Cheffe vum éischte Kräizzuch.
- 1658: De Leopold I. gëtt zum Keeser vum Hellege Réimesche Räich gewielt.
- 1817: Déi englesch Schrëftstellerin Jane Austen stierft.

Nelson Mandela - 1917: Gebuert vum franséische Sänger Henri Salvador.
- 1918: De südafrikanesche Fräiheetskämpfer, Politiker a President Nelson Mandela gëtt gebuer.
- 1921: Den US-amerikaneschen Astronaut a Politiker John Glenn kënnt op d'Welt.
- 1922: Gebuert vum US-amerikanesche Museker, Sänger, Komponist, Auteur Georg Kreisler.
- 2004: Doud vun der däitscher Schauspillerin Inge Meysel.
Kierzlech Verstuerwen

- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller.
- 12. Juli: Hamad bin Chalifa Al Thani, Emir vu Katar.
- 8. Juli: Bonnie Tyler, brittesch Sängerin.
- 6. Juli: Henri Metz, lëtzebuergeschen Neurolog.
- ≤ 26. Juni: Edmond Thill, lëtzebuergesche Konschthistoriker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
