Kuwait
Ausgesinn
| دولة الكويت Daulat al-Kuwait | |
|---|---|
|
Lag vum Land | |
| Allgemeng Informatiounen | |
| Offiziell Sprooch | Arabesch |
| Haaptstad | Kuwait City |
| Awunner vun der Haaptstad | 96.100 (Estim. 2005) |
| Staatsform | Konstitutionell Monarchie |
| Staatsleedung | |
| Emir vum Kuwait | Mischal al-Ahmad al-Dschabir as-Sabah |
| Premierminister vum Kuwait | Sabah al-Khaled al-Hamad as-Sabah |
| Geographie a Bevëlkerung | |
| Fläch | 17.818 km² |
| Waasserfläch | quasi null % |
| Bevëlkerung |
4.464.000 (01.01.2020) (137. Plaz) |
| Bevëlkerungsdicht | 200,2 Awunner/km² |
| Geschicht a Staatssymboler | |
| Onofhängegkeet | 19. Juni 1961 |
| Nationalhymn | Al-Nasheed Al-Watani |
| Praktesch Informatiounen | |
| Wärung | Kuwaiti Dinar KWD |
| Zäitzon | UTC +3 |
| Internet-TLD | .kw |
| Internationalen Telefonsprefix | +965 |
Kuwait, (Arabesch: الكويت al-Kuwayt) ass e Staat an Asien.
E grenzt am Norden an am Westen un den Irak, am Süden u Saudi-Arabien, an am Osten un de Persesche Golf.
De gréissten Deel vum Land, ass Wüstegebitt, vun der Wüst ad-Dibbida.
Ofgesi vum Héichtenzoch vun de Zaur-Bierger an der Bucht vu Kuwait, an e puer vereenzelte Koppen ass d'Land flaach.
Un der Südspëtz vun der Bucht läit d'Haaptstad mat hirem natierlechen Hafen. Am Süden dovu leien déi grouss Pëtrolsfelder.
Déi héchst Plaz ass am Weste vum Land op engem Sandsteeplateau, mat 290 Meter.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kuwait – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Kuwait am CIA World Factbook (en)
