Op den Inhalt sprangen

Kiermes

Vu Wikipedia
Image
Eng Kiermes

Eng Kiermes ass e Volleksfest dat meeschtens zu enger bestëmmter Zäit am Joer ofgehale gëtt, a meeschtens op den Dag zeréckgeet op deem eng Kierch geweit gouf respektiv de Patréiner vun där Kierch säi Fest huet. Heiansdo si Kiermesse mat engem Joermaart verbonnen.

Typesch fir d'Kiermesse sinn hautdesdaags Attraktioune wéi Schéissbuden, Knuppautoen a Karuseller, bei grousse Kiermesse gesäit een och dacks e Riserad, Achter- a Geeschterbunnen. Ausserdeem gëtt et op Kiermessen ëmmer Gefréissstänn, wou ee Fritten, Thüringer, Gromperekichelcher, gebakene Fësch an och Séissegkeete wéi Eisekuchen, Glacen, Pomme-d'Amouren, Barbe-à-Papaen, Popcorn, Nougat, gebrannte Mandelen, Lutschen asw. ze kafe kritt.

Déi gréisst Kiermes zu Lëtzebuerg ass d'Schueberfouer.

A verschiddenen Uertschaften zu Lëtzebuerg gëtt et eng grouss Kiermes an eng kleng Kiermes.

Image  Commons: Kiermessen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Image
Kiermes zu Düsseldorf
Image
Kiermesbuden