Op den Inhalt sprangen

Portmonni

Vu Wikipedia
Image
E Portmonni vun enger Persoun aus Tschechien

E Portmonni (vum franséische Porte-monnaie) ass en Accessoire, dee meeschtens an d'Täsch passt, an an deem ee Suen, Kreditkaarten, Ausweisdokumenter (Identitéitskaart, Fürerschäin, Krankekeesekaart...) an aner Dokumenter raumt an transportéiert.

Portmonnie sinn dacks aus Lieder, Stoft oder Plastik.

Ursprénglech war de "Porte-monnaie" fir Mënz geduecht, am Géigesaz zum "Portefeuille", deen op Schäiner ausgeriicht war. Haut ginn déi zwéi Begrëffer am Lëtzebuergeschen als Synonym benotzt.

Image  Commons: Wallets/Portemonnien – Biller, Videoen oder Audiodateien
Image  Commons: Coin purses/Portemonnien (fir Mënz) – Biller, Videoen oder Audiodateien